|
| retour
brochure-CD |
Léif Musiksfrënn,
E puer Wuert zu eisem Ensemble an eiser Broschür.
Eis Iddi ass et, déi Lëtzebuerger Operettemelodien a Vollekslidder
erëm frësch ze beliewen, si an neiem musikaleschem Kleed
dem Publikum ze presentéieren.
Duerfir hu mir eise Repertoire enger Komponistin uvertraut, fir
dësen nei z’iwwerschaffen, nei z’arrangéieren.
Dës Komponistin wunnt zu Sankt Petersburg, ass Professer am
Conservatoire Rimski-Korsakov an heescht Ekaterina Rasumovskaya.
Fir datt eis Lëtzebuerger Lidder och nach muer gesonge ginn,
an esou net vergiesss ginn, hu mir eng Broschür mat 80 Säite
realiséiert, fir déi d’Danielle Grosbusch den
Deckel illustréiert huet.An dëser Broschür fënnt
een ënnert anerem:
|
|
|
 |
| |
- Eng Foto vum ENSEMBLE REEBOU
- Préface vum Kulturminister François Biltgen an der Statssekretärin
fir Kultur Octavie Modert
- Préface vum musikaleschen Direkter vum „Théatre
National du Luxembourg“ a Responsabele vum „Institut Européen
de Chant Choral“, Camille Kerger
- Présentatioun vum ENSEMBLE REEBOU
- Gedicht vum REEBOU
- Lëscht vun eisem Repertoire mat iwwer 30 Lidder
- Texter vun all deene Lidder
- Explikatiounen zu Wierder, Begrëffer an Ausdréck, déi
an de Lidder virkommen
- Artiklen/Kommentare vum Monique Hermes, Henri Rodesch, Lex Roth,Pierre
Kauthen, Marcel Wagner
- Fotoen/Illustratioune vum Carel Kremer, Guy Rhein, Guy Lucius, Jean
Welter
Nom lëtzebuerger Repertoire fënnt een dann nach als Annexe eng
gutt 30 bekannt, russesch Romanzen a Vollekslidder an e puer Säz erkläert,
esou datt ee weess, ëm wat et geet, vu datt dës Romanzen/Vollekslidder
op russesch gesonge ginn.
Mir hunn eisen Ensemble REEBOU genannt, well dësen Numm eis et ganz
besonnesch ugedo huet.
Mir hunn eis eng Freed draus gemeet, fir den Numm REEBOU an iwwer 40 aner
Sprooche queesch iwwert de Globus fir Iech a fir eis selwer nozerecherchéieren.
Esou sot Dir z.B. fir REEBOU, wann Dir am Nepal sidd, „INDRENI“.
All dat fannt Dir an eiser Broschür.
Et bleift nach ze soen, datt eis Broschür vum Jérôme
Lulling op eventuell Orthographiesfeeler grëndlech gepréift
gouf.
D’Taille vun der Schrëft an der Broschür ass agreabel
grouss, esou datt och eeler Leit d’Texter gutt liese kënnen.
Fir datt déi ursprénglech Reimform vun de Lidder erhale
bleift, an ee sech den Text en plus sech besser mierke kann, hu mir fir
d’Broschür de Format DIN A4 gewielt.
Wien dës Broschür bestelle wëllt, iwwerweist 25 Euro op
den CCPL:
LU44 1111 1779 1315 0000, a kritt se ouni Onkäschten direkt heemgeschéckt.
contact:
ENSEMBLE REEBOU
c/o Ekaterina LUCIUS-POPOVA
26B, rue Pietert
L-6771 GREVENMACHER
Tél : 26 74 59 04
Fax : 26 74 59 40
e-mail : contact@ensemblereebou.lu
|
|